Music Zauberdraach

Do hat ech dach net d'Iddi fir en alt schéint Lidd mat menge Kanner ze sangen, wat ech deemools a menger éischter Kolonie beim Service Vacances kennegeléiert hunn, ma leider huet sech hei am Netz absolut näischt fanne gelooss. Jo, jo ... dat gëtt et och!

No e bëssi wullen hunn ech meng Kassette erëm fonnt. Mee wou ass mäi Walkman?

Wéi gutt datt een am Chaos d'Saachen am beschten erëm fënnt. Schnell war d'Lidd fonnt, digitaliséiert, notéiert an analyséiert. Ech deelen et dann hei fir deen nächsten, deen et sicht.

 Hitparade, Lenzerheide '91
 Text & Akkorden